D'Rotonden op der Gare gi renovéiert an d'Aarbechten hu Konsequenze fir hir kulturell Programmatioun. Dat ass gewosst, also warscheinlech fir déi meescht vun Iech keng Nouvelle, mee esou lues awer sécher geet et virun: bedeit, datt d'Ekipp fir d'Rentrée erfreet annoncéiere konnt "Rien n'arrête les Rotondes". An der Contrainte hätt sech d'Kreativitéit, d'Capacitéit sech ze adaptéieren, nei bewisen. An also géif dës Saison ganz am Zeeche vun der Experimentatioun stoen. Doriwwer diskutéiere mir haut mam Yves Conrardy vun de Rotonden, hien ass näämlech de Coordinateur vu "Multiplica Lab", enger adaptéierter Versioun vum "Multiplica Festival".