Am Kader vum Pride Month kucke mir haut op d’Wierk vum brittesche Moler David Hockney zeréck, deen den 11. Juni 2026 gestuerwen ass. Den Hockney gëllt als ee vun de bedeitendste Kënschtler vum 20. Joerhonnert. Wärend senger ganzer Karriär huet hien ëmmer nees queer Léift, Identitéit a Bezéiungen thematiséiert – zu enger Zäit, wou esou Sujeten nach wäit manner siichtbar ware wéi haut. D’Emma Hizette erzielt méi doriwwer.