"D'Morositéit ass manner moros"

APR 9, 20213 MIN
Kultur

"D'Morositéit ass manner moros"

APR 9, 20213 MIN

Description

Gëschter Moie gouf bekannt, datt de Museks- a Kulturfestival Siren's Call muss ofgesot ginn. Och dëst Joer bleift et ronderëm Nationalfeierdag also roueg um Parvis vun der Abtei Neimënster an am Melusina. Well, esou d'Organisateure vum Concertssall Den Atelier: "Concerte mat vill Publikum am Stoe sinn och an den nächste Méint nach net realistesch." Den Datum fir de Festival ass elo op de 25. Juni 2022 fixéiert. De Gerant vum Atelier, Michel Welter, huet sech dru gewinnt ofzesoen, an awer ass hie mëttlerweil fir säi Secteur méi positiv agestallt wéi nach viru Méint. D'Christiane Kleer huet mat him geschwat.