Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

Transkript:

Pro/Contra Onlineshopping

Samy: Hey, hues du schonn déi nei Deals gesinn? Online-shoppen ass einfach genial! Ee Klick geet duer an d’Saache si schonn ënnerwee. Besser geet et net!

Lena: Ech weess net, Samy... Et ass praktesch, jo. Mee ech froe mech heiansdo, zu wéi engem Präis? Net nëmme finanziell, mee och par Rapport zur Ëmwelt, den Aarbechtskonditiounen, an der Qualitéit... Dat mécht mer éierlech gesot e bësse Suergen.

Samy: Mee stell der vir: ech brauch net an d’Stad ze fueren, keng Parkplaz ze sichen an dann nach éiweg laang an der Keess ze stoen. A kuck d’Auswiel! Am Buttek fënns du 20 Artikelen – online 20.000. An hues du schonn d’Präisser gesinn? Virun zwee Deeg hunn ech eng Smartwatch fir 12 Euro kaaft. 12 Euro!

Lena: 12 Euro? Dat kléngt ze gutt fir wouer ze sinn. A genee do läit de Problem. Wann et esou bëlleg ass, da muss iergendeen dofir bezuelen. Warscheinlech Leit, déi ënnerbezuelt a schlecht behandelt ginn oder a Fabricke schaffen, déi d’Normen net respektéieren. Du weess jo schonn, dass och ganz vill Kanner an esou Fabricke schaffen.

Samy: Pff, du sees dat ëmmer esou dramatesch. Ech wëll jo just e gudden Deal maachen. A wann et mer net gefält, schécken ech et zeréck. Konsumenteschutz a Retourspolitik ass quasi ëmmer derbäi. Do muss ech mer net de Kapp zerbriechen.

Lena: Jo, jo. Mee hues du der scho mol iwwerluecht, wat mat den Artikele geschitt, déi s du zeréckschécks? Vill dovu ginn net nach eng Kéier verkaaft. Déi ginn heiansdo einfach zerstéiert oder ewechgeheit. Dat sinn enorm vill Ressourcen, déi verschwennt ginn – Transport, Verpackung, Stock... Fir e Produit, deen s du 10 Minutten an der Hand has. Ech fannen dat wierklech net an der Rei!

Samy: Ok, dat ass vläicht net ideal, mee trotzdeem... Ech ka Präisser vergläichen, Bewäertunge liesen a mech richteg gutt informéieren. Dat hätt ech an engem Buttek net.

Lena: Dat stëmmt, d’Informatioun ass e Virdeel. Mee och do muss een oppassen. Vill “Bewäertungen” sinn heiansdo vum Verkeefer selwer geschriwwen oder verschidde Leit ginn dofir bezuelt. Du mengs, du méchs eng eegestänneg Entscheedung, mee a Wierklechkeet gëss du manipuléiert.

Samy: Vläicht gëss du jo bezuelt, fir mir dat auszerieden. Ech kafen halt gär flott Saachen. An online fannen ech Saachen, déi et hei am Land nach guer net gëtt.

Lena: Ech fannen dat guer net witzeg! Du liefs an enger Illusioun! Du mengs, datt s du fräi bass, mee du gëss vun de Soziale Medien an anere Leit beaflosst a keefs Saachen, déi s du am Endeffekt guer net brauchs.

Samy: Hm, ech ginn zou, ech kafen heiansdo Saachen, déi ech net onbedéngt brauch. Mee ech wëll elo guer net weider diskutéieren, well ech gesinn, dass dech dat immens opreegt.

Lena: Natierlech reegt mech dat op! Mee dem Problem aus dem Wee ze goen, ass och keng Léisung! Ech soe jo net, dass de komplett domat ophale solls, mee vläicht kanns du jo awer déi Saachen, déi s du hei am Land kriss eben an engem Buttek kafen an déi Saachen, déi s du onbedéngt brauchs an hei net fënns dann online kafen.

Samy: Wann et dech frou mécht, da kann ech jo mol doriwwer nodenken, mee ech soen dir direkt, ech sinn net ganz iwwerzeegt.

Lena: Dajee alt.