Poterkëscht vum INLL
Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht

Overview
Episodes

Details

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Recent Episodes

Interview mat enger Dieticienne & Rezept Geméiszopp
DEC 18, 2025
Interview mat enger Dieticienne & Rezept Geméiszopp
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut hu mir eng Apprenante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hire Beruff als Ernärungsberoderin erzielt.Duerno héiere mir e Rezept fir eng Geméiszopp.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript Rezept GeméiszoppA: Merci, dass du mir mat der Zopp hëllefs, da geet et méi séier. Mir musse vill Geméis schneiden.  B: Gär geschitt! Wat fir eng Zopp kache mir? A: Mir kachen eng Geméiszopp. D’Rezept ass net schwéier an d’Zopp schmaacht immens gutt! B: Wat fir Ingredienten, also Zutate brauche mir? A: Mir brauchen Ënnen, Knuewelek, Gromperen, Muerten, Zelleri, Porretten a Geméisbritt. B: Ok. Wou sinn d’Saachen? A: D’Ënnen, de Knuewelek an d’Grompere sinn hei an ... hei. De Rescht ass am Frigo.  B: Kanns du mir fir d’éischt den Oflaf erklären?  A: Natierlech! Fir d’éischt wäsche mir d’Geméis. B: Alles?  A: Jo. Alles ausser d’Ënnen an de Knuewelek. Duerno schiele mir d’Gromperen, d’Muerten, d’Ënnen an de Knuewelek. An da schneide mir d’Ënnen, de Knuewelek, den Zelleri an d’Porretten a Stécker. Wat wëlls du gär maachen? B: Ech kann de Knuewelek, d’Ënnen, d’Gromperen an d’Muerte schielen an alles a Stécker schneiden. A: Ok. Da schneiden ech den Zelleri an d’Porretten. Ech brauch dann nach e Schneidbriet, e Messer an e Geméisschieler(???). B: Wat maache mir duerno? A: Duerno brauche mir en Dëppen. B: En Dëppe mat Waasser? A: Net direkt. Fir d’éischt brode mir d’Ënnen an de Knuewelek mat Ueleg un. B: Firwat? A: Se kréie méi Goût an d’Zopp kritt méi Aroma. B: Ech verstinn. A: Duerno kommen d’Stécker Porrett an den Zelleri an d’Dëppen a mir réieren alles ëm. Da kommen nach d’Gromperen an d’Muerten dran, a mir fëllen d’Dëppe mat Waasser. B: Wéini kënnt de Geméisküb dran? A: Wann d’Waasser kacht. Ech hu kee Küb, ech hu Geméisbritt a Form vu Pudder an engem Glas. B: Ok. Wéi vill? A: Zwee Iessläffelen. Mir kënnen duerno nach salzen a wierzen. B: An dann? A: Da maache mir den Deckel op d’Dëppen a loossen d’Geméis fofzéng bis zwanzeg Minutte kachen. Wärenddeem kënne mir spullen, d’Kiche botzen an den Dësch decken. Heiansdo kontrolléiere mir d’Dëppen, well d’Waasser iwwerlafe kann. Häss du gär Brout derbäi? B: Jo, ganz gär! A: Ok. Ech schneiden e puer Tranchen. Wann d’Geméis fäerdeg ass, mixe mir et. Duerno schmaache mir, ob d’Zopp nach Salz oder Peffer brauch. An dann ass se scho fäerdeg! B: Mmm, ech freeë mech schonn drop! A: Wat wëlls du gär drénken? Ech hu platt Waasser, Spruddelwaasser, Orangëjus, Limonad, Béier a Wäin. B: Platt Waasser, wannechgelift. A: Ass Krunnewaasser ok? Eist Krunnewaasser schmaacht immens gutt. B: Gären! A: Tipptopp! Ech huelen eng Limonad. Ech stelle se schonn an de Frigo. B: Fänke mir un? A: Jo! 
play-circle icon
6 MIN
Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping (A2)
DEC 16, 2025
Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Pro/Contra Onlineshopping  Samy: Hey, hues du schonn déi nei Deals gesinn? Online-shoppen ass einfach genial! Ee Klick geet duer an d’Saache si schonn ënnerwee. Besser geet et net! Lena: Ech weess net, Samy... Et ass praktesch, jo. Mee ech froe mech heiansdo, zu wéi engem Präis? Net nëmme finanziell, mee och par Rapport zur Ëmwelt, den Aarbechtskonditiounen, an der Qualitéit... Dat mécht mer éierlech gesot e bësse Suergen. Samy: Mee stell der vir: ech brauch net an d’Stad ze fueren, keng Parkplaz ze sichen an dann nach éiweg laang an der Keess ze stoen. A kuck d’Auswiel! Am Buttek fënns du 20 Artikelen – online 20.000. An hues du schonn d’Präisser gesinn? Virun zwee Deeg hunn ech eng Smartwatch fir 12 Euro kaaft. 12 Euro! Lena: 12 Euro? Dat kléngt ze gutt fir wouer ze sinn. A genee do läit de Problem. Wann et esou bëlleg ass, da muss iergendeen dofir bezuelen. Warscheinlech Leit, déi ënnerbezuelt a schlecht behandelt ginn oder a Fabricke schaffen, déi d’Normen net respektéieren. Du weess jo schonn, dass och ganz vill Kanner an esou Fabricke schaffen. Samy: Pff, du sees dat ëmmer esou dramatesch. Ech wëll jo just e gudden Deal maachen. A wann et mer net gefält, schécken ech et zeréck. Konsumenteschutz a Retourspolitik ass quasi ëmmer derbäi. Do muss ech mer net de Kapp zerbriechen. Lena: Jo, jo. Mee hues du der scho mol iwwerluecht, wat mat den Artikele geschitt, déi s du zeréckschécks? Vill dovu ginn net nach eng Kéier verkaaft. Déi ginn heiansdo einfach zerstéiert oder ewechgeheit. Dat sinn enorm vill Ressourcen, déi verschwennt ginn – Transport, Verpackung, Stock... Fir e Produit, deen s du 10 Minutten an der Hand has. Ech fannen dat wierklech net an der Rei! Samy: Ok, dat ass vläicht net ideal, mee trotzdeem... Ech ka Präisser vergläichen, Bewäertunge liesen a mech richteg gutt informéieren. Dat hätt ech an engem Buttek net. Lena: Dat stëmmt, d’Informatioun ass e Virdeel. Mee och do muss een oppassen. Vill “Bewäertungen” sinn heiansdo vum Verkeefer selwer geschriwwen oder verschidde Leit ginn dofir bezuelt. Du mengs, du méchs eng eegestänneg Entscheedung, mee a Wierklechkeet gëss du manipuléiert. Samy: Vläicht gëss du jo bezuelt, fir mir dat auszerieden. Ech kafen halt gär flott Saachen. An online fannen ech Saachen, déi et hei am Land nach guer net gëtt. Lena: Ech fannen dat guer net witzeg! Du liefs an enger Illusioun! Du mengs, datt s du fräi bass, mee du gëss vun de Soziale Medien an anere Leit beaflosst a keefs Saachen, déi s du am Endeffekt guer net brauchs. Samy: Hm, ech ginn zou, ech kafen heiansdo Saachen, déi ech net onbedéngt brauch. Mee ech wëll elo guer net weider diskutéieren, well ech gesinn, dass dech dat immens opreegt. Lena: Natierlech reegt mech dat op! Mee dem Problem aus dem Wee ze goen, ass och keng Léisung! Ech soe jo net, dass de komplett domat ophale solls, mee vläicht kanns du jo awer déi Saachen, déi s du hei am Land kriss eben an engem Buttek kafen an déi Saachen, déi s du onbedéngt brauchs an hei net fënns dann online kafen. Samy: Wann et dech frou mécht, da kann ech jo mol doriwwer nodenken, mee ech soen dir direkt, ech sinn net ganz iwwerzeegt. Lena: Dajee alt. 
play-circle icon
4 MIN
Silvester am Ausland (A2)
DEC 11, 2025
Silvester am Ausland (A2)
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer verschidden Optiounen, Silvester am Ausland ze verbréngen, schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Silvester am Ausland A: So, Julie, ech hunn dëst Joer wierklech keng Loscht, Silvester hei zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Et ass all Joer dat selwecht: Raclette, Tëlee an e puer Knupperten. Ech géif gär emol eng Kéier eppes aneres maachen. B: Ech verstinn dech total! Et ass all Joer änlech. Wuer géifs du da gär reesen? A: Keng Anung, Mee ech géif gär e puer Deeg fortfueren. Vläicht an eng schéi Stad, wou vill Leit op der Strooss feieren. Hues du eng Iddi? B: Hmm… Also, eng bekannt Plaz, déi net esou wäit ewech ass, ass natierlech Berlin. Do gëtt et ëmmer eng grouss Party beim Brandenburger Tor. A: Stëmmt! Dat hunn ech schon op der Tëlee gesinn. Dat gesäit flott aus. Mee et ass bestëmmt voller Leit, oder? B: Jo, definitiv. Mee d’Ambiance ass super. Wann s du eppes Extraes wëlls, kanns du och op London goen. Do maachen d’Leit och e grousst Freedefeier bei der Themse. A: O, dat kléngt flott. Ech war nach ni zu London. Ech kéint och e Musical kucke goen oder duerch d’Stad spadséieren… B: Genee. A wann s du eppes ganz Spektakuläres wëlls, dann ass New York natierlech och eng Iwwerleeung wäert. Ech hunn den Times Square schonn e puer Mol op der Tëlee gesinn. De grousse Ball, deen eroffällt, an déi vill Leit… dat géif ech och gär eng Kéier live gesinn. A: Ech ka mer virstellen, datt dat beandrockend ass. Mee de Fliger fir op New York ass ëm d’Feierdeeg bestëmmt immens deier…  B: Jo, leider, an d’Hoteller och. Dat muss ee fréi plangen. Mee vläicht wier Wien och nach eng Iddi? Do gëtt et e Silvesterpad mat Musek, Iessen an elauter klenge Stänn. A: Wien… dat kléngt elegant. Ech hunn al Gebaier a klassesch Musek immens gär. An op Wien kéint ech eventuell och mam Zuch fueren. B: Eng aner Optioun wier natierlech eng waarm Plaz, wéi zum Beispill Barcelona. A Spuenien iessen d’Leit um Mëtternuecht zwielef Drauwen. Dat soll Gléck bréngen. A: Ou, dat wousst ech net. Kléngt flott! A waarm, ech kéint wierklech e bësse Sonn gebrauchen… ech hu keng Loscht op Schnéi dëst Joer. B: Wann s du et gär ganz waarm hues, kanns du och op Dubai goen. Do gëtt et och e riisegt Freedefeier beim Burj Khalifa.  A: Ech mengen, dat ass e bëssen ze deier fir mech. Ech mengen, ech bleiwe léiwer an Europa. B: Wéi s de gesäis ginn et jo vill Méiglechkeeten. Wat hues du léiwer? Party, Kultur, Sonn, oder einfach raus aus dem Alldag ? A : Ech mengen, ech wëll einfach eng schéi Stad gesinn, e bësse Party maachen, awer net ze vill Stress. Vläicht kucken ech mir London oder Wien méi genee un. B: Da waart awer net ze laang! Du bass elo scho relativ spéit un! A : Jo, dat maachen ech. A Merci nach emol fir deng vill Iddien. Elo freeën ech mech wierklech op Silvester. B : Gär ! A wann s du wëlls, kommen ech mat. Ech hunn dëst Joer och nach näischt vir. A: O, jo, dat wier super! 
play-circle icon
4 MIN