Schutz fir Journalisten, Schutz fir Passagéier – Politik muss liwweren
An dëser Episod gräife mir déif an zwee Themen déi méi gemeinsam hunn ewéi ee géif denken. Zu Lëtzebuerg debattéiert d’Chamber de Projet de Loi 8625 – eng Reform vum Pressegesetz déi d’Medielandschaft, vun de Funkwellen bis zu den Influencer vun haut, ëmfaasst. Gläichzäiteg leeft parallel en anere Projet iwwert de Schutz vu Journaliste géint SLAPP-Kloen – a mir erzielen iech firwat eng maltesesch Journalistin mat hirem Liewe bezuelt huet an dorauser eng europäesch Direktiv entstaanen ass. Op EU-Niveau goungen Verhandlungen vun de Fluchpassagéierrechter an déi nächst Ronn. No 11 Joer Blockade am Conseil ass elo déi läscht Méiglechkeet.