/https://images.podigee-cdn.net/0x,s_gdMYQZ3_yuhghW8XIutIJLWB_67AENiXbujI4JuJSU=/https://main.podigee-cdn.net/uploads/u82402/e87a81c7-89f7-445c-9750-f0d8eb19c6d0.jpeg)
Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee.
Françoise Kemp a Martine Kemp
Schutz fir Journalisten, Schutz fir Passagéier – Politik muss liwweren
JUN 8, 202630 MIN
/https://images.podigee-cdn.net/0x,sTCqL3hCQfX5miwiGIJo_Y726ZG7A90uF1-sxfBaIRdI=/https://main.podigee-cdn.net/uploads/u82402/459423bc-f089-4c0d-a679-75d21124af00.jpeg)
Description
An dëser Episod gräife mir déif an zwee Themen déi méi gemeinsam hunn ewéi ee géif denken.
Zu Lëtzebuerg debattéiert d’Chamber de Projet de Loi 8625 – eng Reform vum Pressegesetz déi d’Medielandschaft, vun de Funkwellen bis zu den Influencer vun haut, ëmfaasst. Gläichzäiteg leeft parallel en anere Projet iwwert de Schutz vu Journaliste géint SLAPP-Kloen – a mir erzielen iech firwat eng maltesesch Journalistin mat hirem Liewe bezuelt huet an dorauser eng europäesch Direktiv entstaanen ass.
Op EU-Niveau goungen Verhandlungen vun de Fluchpassagéierrechter an déi nächst Ronn. No 11 Joer Blockade am Conseil ass elo déi läscht Méiglechkeet.

