Am Kleederbuttek & Falsch Online-Bestellung (A2-B1)

OCT 22, 20264 MIN

Description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger. Am éischten Dialog ass eng Persoun am Kleederbuttek a wëll eng nei Jackett kafen. Am zweeten Dialog ass eng Persoun an engem Guichet, well si e Problem mat enger Online-Bestellung huet. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Kleederbuttek Client: Moien. Ech wéilt gär eng Jackett an der Gréisst M umoossen.  Verkeeferin: Moien. Wat fir eng Jackett wéilt Dir gär umoossen?  Client: Déi schwaarz Jackett do. Hutt Dir se nach an der Gréisst M?  Verkeeferin: Waart, ech kucken no. Leider ass d'Gréisst M ausverkaf.  Client: Schued. Hutt Dir da vläischt nach esou eng Jackett an enger anerer Faarf?  Verkeeferin: Jo, mir hunn déi Jackett nach am Bloen.  Client: Hutt Dir se dann och nach an der Gréisst M?  Verkeeferin: Jo, si ass nach an der Gréisst M do.  Client: Kann ech se wgl. uprobéieren?  Verkeeferin: Natierlech. D'Kabinne sinn do hannen.  Client: Merci. … O, si passt gutt. Wéi vill kascht se?  Verkeeferin: Si kascht 59 Euro.  Client: Ok, da kafen ech se.  Verkeeferin: Gär. Wëllt Dir mat der Kaart oder boer bezuelen?  Client: Mat der Kaart, wgl.  Verkeeferin: Merci. Hei ass Är Quittung.  Client: Merci fir Är Hëllef!  Verkeeferin: Gär geschitt!  Eng falsch Online-Bestellung Client: Moien. Ech hunn e Problem mat menger Bestellung, déi ech online gemaach hunn.  Service: Moien. Wat ass da geschitt?  Client: Ech hunn d’Bestellung virun enger Woch gemaach. Haut ass de Pak ukomm, mee leider ass eppes falsch.  Service: Wat ass dann net an der Rei?  Client: Ech hat eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt. Am Pak ass awer eng blo Jackett an der Gréisst L.  Service: O, dat deet mir leed. Hutt Dir d’Bestellnummer dobäi?  Client: Jo, hei ass se. D’Nummer ass 45872.  Service: Merci. Ech kucken dat direkt no. Jo, ech gesinn, datt Dir tatsächlech eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt hat.  Client: Genee. Ech brauch d’Jackett fir d’nächst Woch, dofir ass et e bëssen dréngend.  Service: Ech verstinn. Mir kënnen Iech déi richteg Jackett nach eng Kéier schécken.  Client: Wéi laang dauert d’Liwwerung?  Service: Normalerweis zwee bis dräi Aarbechtsdeeg. Mir maachen d’Bestellung direkt fäerdeg.  Client: Dat wier super. A wat maachen ech mat der falscher Jackett?  Service: Dir kënnt se gratis zeréckschécken. Ech schécken Iech eng E-Mail mat engem Retourlabel.  Client: Muss ech de Porto bezuelen?  Service: Nee, natierlech net. Well de Feeler bei eiser Bestellung läit, ass de Retour gratis.  Client: Ok, dat ass gutt. A kréien ech eng Confirmatioun per E-Mail?  Service: Jo, Dir kritt direkt eng Confirmatioun mat allen Informatiounen.  Client: Super. Da waarden ech op d’E-Mail. Merci fir Är Hëllef!  Service: Gär geschitt. A nach eng Kéier Pardon fir de Feeler.  Client: Kee Problem. Äddi!  Service: Äddi an e schéinen Dag!